Sarah Neu
Säit 2009 halen ech Hondstraining, ufanks benevol, säit 2010 berufflech a säit 2014 haaptberufflech. Ech hu mech e.a. op aggressiv Hënn spezialiséiert a mech an der Berodung an am Ëmgang mat Mënschen weidergebilt.
Säit 2022 forméieren ech elo am Team Schoulhënn, resp. pedagogesch Begleedhënn a säit 2025 och Besuchshënn.
Säit 2024 sinn ech och Hondsphysiotherapeutin an Assistenzhondstrainerin nom DAZ T.A.R.S.Q.
Iwwer all déi Joren ass mäin Erfarungsschatz duerch meng sou ënnerschiddlech Clienten mat hiren inhomogenen Hënn, an duerch d'Zesummeliewe mat mengen eegenen, deels schwieregen Hënn, gewuess.
All weider Informatiounen heizou fënnt een op www.dogtask.net