Formatioun
Hondgestëtzte Pedagogik ass eng Ënnerstëtzung vun der pedagogescher Aarbecht duerch den Hond.
Duerch konkret kandorientéiert Zilvirgaben gi Léierprozesser initiéiert, duerch déi schwéierpunktméisseg emotional a sozial Kompetenzen vum Kand verbessert ginn.
Hondsgestëtzte Pedagogik setzt eng Ausbildung mat Ofschloss vum Hondsführer viraus, mat Abezéiung vum Hond, dee fir dës Aufgab speziell ausgebilt gouf.
D'Zil vun der Formatioun ass et, de Participanten Wëssen ze vermëttelen iwwer:
- d'Léierverhalen an Ausdrocksverhalen vum Hond
- déi klassesch an operant Konditionéierung
- d'Bedierfnisser vum Hond
- ethesch an hygienesch Aspekter vun der Interventioun mam Hond
- Elementer vun hondsgestëtzter Pedagogik
All Inhalter vun eiser Formatioun vermëttele mir an Theorie a Praxis, sou dass och all eis Moduler a Presenz vun all Participant mat sengem Hond stattfannen. Mir hunn heifir e Schoulsall zur Verfügung gestallt kritt, sou datt d'Muppen op hiert zukünftegt Aarbechtsëmfeld optimal preparéiert kënne ginn.
Niewend de Presenzmoduler sinn och Online-Meetings geplangt fir Réckfroën, Austäusch a Reflektiounen.
D'Ausbildung schléisst mat enger theoretescher a praktescher Prüfung of.
Um Enn vun der Formatioun sinn d'Participanten kapabel:
- en Teambuilding mam Hond ze garantéieren
- den eegenen Hond liesen ze kënnen
- dem Hond spezifescht Verhalen eegestänneg bäizebréngen (déi eenzel Schrëtter)
- d'Schüler/innen unzeleeden dem Hond spezifescht Verhalen/Übungen bäizebréngen
- d'Verhalen vun hirem Hond am Asaz an der Schoul ze reflektéieren
- den Hond geziilt an de Léierprozess vun de Schüler/innen anzebezéien
- adequat op optriedend Problemer ze reagéieren
Präis:
Eegnungtest: 60 €
Pro Modul: 175 €
Start: Oktober 2024
Eegnungstester: September 2024
Umeldungen fir di nächst Formatioun gi schon ugeholl.
Den Hond soll mind. 12 Méint al sinn wann d'Formatioun ufänkt.
D'Formatioun fënnt zu Echternach am Lycée statt.