Eegnungstest

No der Umeldung fir den Eegnungstest fir d'Formatioun fir de Schoulhond, souwéi och fir de Besuchshond, kréien déi potentiell Participanten e Froebou zougeschéckt an deem si hiren Hond aschätzen a beschreiwen sollen. 
Duerno gëtt den Hond engem Eegnungstest ënnerzunn an deem besonnesch berécksichtegt gëtt: 
// Bindung
// Erzéiung
// Gehorsam
// Selbstbeherrschung an Impulskontroll
// Frustratiounstoleranz
// Reaktioun op optesch an akustesch Reizer
// Resilienz
// Kooperatiounsbereedschaft
// Léiermotivatioun

Den Eegnungstest fënnt op ëffentleche Plazen am Raum Echternach statt. 
Ausgeschloss fir d'Formatioun ginn déi Teams déi de gestallte Kriteren net entspriechen. 
De Mindestalter vum Hond fir d'Formatioun sinn 12 Méint, den Héchstalter si 7 Joer. 

Bedingung fir sech unzemelden ass e prinzipiellen Accord vun der Direktioun an der Gemeng. Fir de Besuchshond gëllt dëst net. 

Datum fir den Eegnungstest fir d'Formatioun 2024/2025: 
Ab dem 16.09.2024 op Rdv (cf. Kontakt)