Formatioun Besuchshond

D'Viraussetzung fir d'Formatioun fir de Besuchshond ass den erfollegräich absolvéierten  Eegnungstest
Och d'Formatioun fir de Besuchshond ass praxisorientéiert a kompetent ausgeschafft. Wärend der Formatioun ass souwuel de Mënsch wéi och den Hond permanent present. 
A 7 Moduler gëtt all Team optimal op de spéideren Asaz an den Institutioune preparéiert. 
D'Formatioun gëtt ofgeschloss duerch eng theoretesch a praktesch Prüfung an d'Ausschaffe vun engem Konzept. 

Präisser: 
Eegnungstest: 90 €
Modul: je 200 € 
Insgesamt 1400 €

Formatioun: Moduler

Modul 1 - De Schoulhond

  • Déieregestëtzten Interventiounen
  • Hondgestëtzte Pedagogik
  • Viraussetzungen fir den ASelbstverspflichtungsaz vum Schoulhond


Termin: 11.10.2025

    Modul 2 - Den Hond


    Kierpersprooch an Ausdrocksverhaeln

Termin: 15.11.2025


Modul 3 - Léierverhalen II

  • Bedierfnisser vum Hond
  • Belounungssystemer
  • Klickertraining (Opbau an Asaz)
  • Übungsopbau vun Übungen déi an den Institutiounen kënnen agesat ginn (Apportéieren, Wierfelen, Buzzeren, etc.)

Termin: 10.01.2026


Modul 4 - Praxis

  • praktesch Übungen fir d'Preparatioun vun de Mënschen op de Besuchshond
  • Regelen fir den Ëmgang mam Besuchshond ausschaffen

Termin: 31.01.2026


Modul 5 - Praxis

  • Entwécklung vum Konzept
  • Selbstverpflichtung
  • Hygiene an Zoonosen

Termin: 28.02.2026


Modul 6 - Asaz 

  • Asaz vum Besuchshond an der Institutioun
  • Praktesch Übungen ausschaffen
  • läscht Verbesserung um Konzept

Termin: 21.03.2026


Modul 7 - Prüfung

  • Virleeën vun der finaler Ausschaffung vum Konzept
  • Theoretesch Prüfung
  • Presentatioun vum Video vun den Aktivitéit(en) vum Besuchshond mat de Leit

Termin: 25.04.2026

Möchten Sie mehr erfahren?