Ferny Herkes
Ech si vun der Ausbildung Sozialpedagog an Léierin am Fondamental.
Säit 2009 sinn ech Präsidentin am Retriever Club Lëtzebuerg, wou ech och als Trainer täteg sinn. Ech ziichten Labrador Retriever ënnert dem Kennelnumm FERNAJACKS.
Duerch meng Aarbecht an der Schoul sinn ech op de Schoulhond komm a konnt esou meng zwou Leidenschaften mateneen verbannen.
Am Oktober 2012 hunn ech déi éischt Schoulhondausbildung (Theorie a Praxis) mat menger Labrador Retriever Mudder Katie um Muppenhaff beim Carole Rasquin zu Körrig (D) erfollegräich ofgeschloss. Kate huet mech bis 2016 a menger Klass am Fondamental als Schoulhond begleet.
Am Mee 2017 hunn ech meng zweet Schoulhondausbildung (Theorie a Praxis) mat menger Labrador Retriever Mudder Rosie am «Ausbildungszentrum für tiergestützte Pädagogik in Rheinland Pfalz» erfollegräich ofgeschloss. D’Rosie huet mech am Unterrecht begleet bis zu menger Pensioun.
Den Impakt vun der Aarbecht mam Hond an der Klass op d'Kanner an déi ganz Atmosphär am Klassesall huet mech derzou bruecht eng Schoulhondausbildung a Lëtzebuerg unzebidden.